Généalogie et Histoire locale

au Luxembourg

Welcome, Guest
Username: Password: Remember me
Varia

TOPIC: Moien, neien vun Medernach

Moien, neien vun Medernach 6 years 11 months ago #166

  • gedink.l
  • gedink.l's Avatar
  • Offline
  • Fresh Boarder
  • Posts: 5
  • Karma: 0
Moien,
nei am Verain, ech sin den Sekretaer vum SIT Aerenzdallgemeng (Medernach, Savelborn, Ermsdorf, Eppeldorf, Folkendage, Stegen, Keiwelbach). Momentan as mai Projet, all d'Leit dei zu Medernach (incl Savelborn) gewunnt hun, ze katalogiséieren. Ech benotzen my.Heritage. [medernach.myheritage.com] D'Acten op familysearch.org hun ech bal duerch, eng Dozen Joren zweschent 1788 an 1810 muss ech nach maachen. Ab 1895 muss och nach, déi Acten stinn net um familysearch.org, ech hun gelies dat d'Archiven nationales am Freijoer 2013 och online kommen. Soss waert ech mech an d'Stadt mussen deplacéieren.
Jiddereen dén Famill huet dén zu Medernach gebuer, bestuet oder gestuerwen as, kann gaeren Kontakt ophuelen, ech hellefen gaeren weider. Ech hoffen och esou eraus ze fannen, wou d'Läit hikomm si, wann si net zu Medernach bliwwen si. An vlaicht Foto'en ?

merci vir all Feedback
Linda Gedink [kengert ad pt punkt lu]
The administrator has disabled public write access.

Aw: Moien, neien vun Medernach 6 years 10 months ago #171

  • welter.c
  • welter.c's Avatar
  • Offline
  • Fresh Boarder
  • Posts: 9
  • Karma: 0
gudde mëtteg
ech sin och nei an der recherche vu méngem stammbam
welter-kohnen-kempener-tecks etc
hu mech och bei heritage ugemellt (gratis)
ass do keen bedenken well ech elo eng adress hun
a wat kascht dat (welter lintgen 5954 heritage com)
ech well net an eppes eran geroden wat zevill kascht
wann ech de system intus hun da machen ech och villeicht een abo vun 60,00 wann dat ongefeierlech ass
ech hu schons ee stéck vum stammbam dropgesat, dir kënnt kucken
ech fueren och virun, dat do ass weyer-kohnen-kempener-nieles-tecks..., 1/8 vun deem wat ech vir hun
vu que dat ech net zevill anung vun informatique hun, ech hun dat net an der schoul geléiert - et gouw 1966 neischt esou,sot mir just wegl. op ech keng iweraschung a puncto frais'en kréien zb. fir d'adresse (5954) oder esou
gemeng aerenzdall interesséiert mech well een deel vu méngen virfaren do war
merci vir d'lecture, ech fueren virun mam stammbam a mat den recherchen, froen warscheinlech nach em hellef
charel w
The administrator has disabled public write access.

Re: Moien, neien vun Medernach 6 years 10 months ago #172

  • gedink.l
  • gedink.l's Avatar
  • Offline
  • Fresh Boarder
  • Posts: 5
  • Karma: 0
Hallo,
also ech hun mech fir my heritage entscheed, weinst den "smart matches", dat heescht, wann en aneren Stammbam dei selwecht Leit opweist, dann kritt én esou e grenge Rondel bei der Persoun an et kann én kucken goen, wat den aneren erausfonnt huet iwwert déi betreffend Persoun. Esou kennt én oft weider an et knaeppt én flott Kontakter.
Ob et elo mat dem 60 euro abo mei deier as wei anerer kann ech net soen, et gin awer op desem Site luxracines verschidden Systemer virgestallt vun aneren Memberen, wou der vlaicht mei schlau get.
Wann ech kann hellefen mat Virfahren aus Medernach, dann sod Bescheed.
LG.
The administrator has disabled public write access.
Time to create page: 0.083 seconds

Who is online?

We have 74 guests and no members online